Société de tir Brouch

Société de tir
aux armes
sportives
Brouch

Welkomm am neie Schéissstand vu Bruch.

De 1962 zu Bruch gegrënntenen Schéissclub kann op eng laang an interessant Geschicht zeréck kucken. An dësem Club dien an de Joeren eng hellewull gut Tireuren kann verzeechnen stecht awer sécher och déi gutt Ambiance ervir déi de Club zanter Joeren kann oprecht erhaalen. 

Eis Installatiounen

50 M Feierstand

De Stand fir Feierwaffen deen am Gebai integréiert ass, verfüügt iwwert eng speziell Absauganlag déi d’Schéissen an enger Hal erméiglecht. Geschoss gëtt hei op 50 m mat de gängegen Kaliber vu Sportwaffen.

10 M Loftstand

De Stand huet e separate Loftstand vun 10 m dee mat elektroneschen Anlagen equipéiert ass an awer och 2 Trainingsbunnen fir Ufänger oder speziell Trainingen op Kartrong.

Buvette

Zu engem wichtegen Deel vum Gebai gehéiert och d'Buvette wou een sech nom Training oder de Matcher nach bei engem Patt an engem gudden Iessen nach kann austauschen.

Hutt dir Froen?

Kontaktéiert eis, oder kommt op engem Trainingsdag laanscht.