Société de tir Brouch

SchéissStand
Bruch

Experience the highest quality residential painting services

50 Meter Stand

Op dem 50m Indoor Stand ka praktesch mat all Waff bis e maximum vu 7000 Joules geschoss ginn.

Op 10 Posten kann op 10m, 15m, 25m a 50m geschoss ginn andeems d’Scheiwen iwwert e Seelzuch elektresch op déi verschidden Distanze bruecht ginn an nom Tir erëm zeréck bei den Tireur gezu ginn.

Dëst erméiglecht den Tir vun Disziplinne wéi CalFac op 25 Meter (Kaliber .22 bis .45), Standard an Zenterfeier (Deckkaliber).

Op 50 Meter gëtt enner annerem mat Fräipistoul, M1  geschoss.

Eng Biathlonanlag op 50m wou aus 3 Positiounen am Klengkaliber drop geschoss gëtt, mécht d‘Schéisse méi attraktiv.

Donieft gët et d’Méiglechkeet op de Lafende Keiler op 50m ze trainéieren.

Ëffnungszäiten 50 m Stand (Summer) 31.03.2024 - 27.10.2024

Dag:ZäitResponsabelenTraining fir:
Méinden17.00 - 20:00Patrick Nothum
+352 621 706 551
Loisir, nei Memberen, Equippen
Dënschden17:00 - 20:00 Jeannot Drouet
+352 621 632 106
Loisir, nei Memberen, Equippen
Mëttwoch15:00 - 20:00 Mario Quintus
+352 621 459 875
Loisir, nei Memberen, Equippen
Donneschden09:30 - 11:30 Aly Heister
+352 691 301 158
Loisir, Op RV
Freiden17:00 - 20:00 Svante Oedman
+352 691 470 640
Equippen + M1
Samschden09:00 - 12:00 Patrick Godefroy
+352 621 392 018
Loisir, nei Memberen, Equippen
Whatsapp Grupp +352 621 392 018
Sonnden09:00 - 12:00 Guiseppe Albergo
+352 621 760 829
Loisir, nei Memberen, Equippen
Keen TrainingOuschteren /Paques 31/03+01/04 - 1. Mee 01/05 - Europa 09/05 - Christi Himmelfahrt 09/05 - Paischten/pentecote 19 + 20/05 - National Feierdaach 23/06 - Mariä Himmelfahrt 15/08 - Allerhelljen 01/11 - Chreschtdag 25+26/12 - Neijoer 01/01

10 Meter Stand

Um Loftstand ginn et 12 elektronesch Scheiwen an 2 Bunne mat Kartongs – Scheiwe op deenen ënner anerem d’ Instruktioun un der Waff an den Tir de Sécurité fir all eis nei Memberen duerchgezu gëtt.

Desweideren ass do och eng Biathlonanlag installéiert, wou mat de Loftdrockwaffen (Gewier a Pistoul) kann drop geschoss ginn.

Fir d’Loftsaison déi vun Enn Oktober bis Enn Februar dauert, huet den STB 3 Equippen am Asaz. Hei gëtt op d’elektronesch Scheiwe geschoss wou de Match vun engem Haaptcomputer aus gesteiert gëtt.

Als gréisser Manifestatioun gëtt op dësem Stand all Joer de Marathon, wou 100 Schoss an 2 Stonnen musse geschoss ginn, organiséiert bei dem all Tireur aus engem Veräin kann drun deelhuelen.

Ëffnungszäiten 10 m Stand (Summer) 31.03.2024 - 27.10.2024

Dag:ZäitResponsabelenTraining fir:
Méinden16.00 - 20:00Jos Heuskin
+32 63 219 161
Loisir, nei Memberen, Equippen
Dënschden17:00 - 20:00
Louis Mariutto
+352 621 316 790
Loisir, nei Memberen, Equippen op RV
Mëttwoch16:00 - 20:00Jos Heuskin
+32 63 219 161
Loisir, nei Memberen, Equippen
Freiden17:00 - 20:00Louis Mariutto
+352 621 316 790
Loisir, nei Memberen, Equippen op RV