De Veräin am Laf vun der Zäit
De Schéissclub gouf de 17. Mäerz 1962 als 2. Bricher Sportveräi gegrënnt an huet eng ideal Plaz vir ze schéissen um Goldknapp fonnt. Wat awer net ëmmer d’Meenung vun den Duerfleit war. Ma et gouf ëmmer eng Eenegung fonnt sou dat de Club konnt weiderbestoen. Mat vill eegener Aarbecht an Häerzblutt hunn d’Memberen de Schéissstand opgebaut an de Club huet floréiert.
1973 gouf et dunn e Schreckmoment wéi de Schéissstand an “d’ Bud” vum FC Brouch duerch Brandstëftung schwéier beschiedegt goufen. Ma och duerno gouf erëm mat vill Elan dru geschafft fir erëm alles a Stand ze setzen.
Duerch déi vill Veräiner déi sech vun 1960 un zu Brouch gegrënnt hunn an de sëllege Manifestatioune gouf et noutwendeg e gréissere Sall um Terrain ze bauen. 2002 krut dunn de Veräin e neie Loftschéissstand um éischte Stack vun der “Koll” dem neie Gebai nieft dem Footballsterrain.
Den ale Schéissstand gouf dunn 2018 ewech gerappt an 2021 duerch en moderne funktionelle Bau, equipéiert mat der neister Technologie ersat.
Doduercher dat de 50m Stand am Gebai integréiert ass, ass ronderëm de Schéissstand kee Schoss méi ze héieren.
Dëst erméiglecht aner Trainingszäiten, besser Konditiounen a wat e groussen Virdeel ass, d’Schéissen op 50m och an der Wantersaison.
Ëffnungszäiten 10 m Stand (Wanter)
| Dag: | Zäit | Training fir: |
| Méinden | 16.00 - 20:00 | Loisir, nei Memberen, Equippen |
| Dënschden | 17:00 - 20:00 | Loisir, nei Memberen, Equippen |
| Mettwoch | 16:00 - 20:00 sauf match | Loisir, nei Memberen, Equippen |
| Freiden | 17:00 - 20:00 | Loisir, nei Memberen, Equippen |
| Keen Training | Ouschteren /Paques 05/04+06/04 - 1. Mee 01/05 - Europa 09/05 - Christi Himmelfahrt 14/05 - Paischten/pentecote 24 + 25/05 - National Feierdaach 23/06 - Mariä Himmelfahrt 15/08 - Allerhelljen 01/11 - Chreschtdag 25+26/12 - Neijoer 01/01 | |
Ëffnungszäiten 50 m Stand (Wanter)
| Dag: | Zäit | Training fir: |
| Méinden | 16.00 - 20:00 | Loisir, nei Memberen, Equippen |
| Dënschden | 17:00 - 20:00 | Loisir, nei Memberen, Equippen |
| Mëttwoch | 15:00 - 20:00 | Loisir, nei Memberen, Equippen |
| Freiden | 17:00 - 20:00 | Loisir, Equippen + M1 |
| Samschden | 09:00 - 12:00 | Loisir, Equippen Whatsapp Grupp +352 621 392 018 |
| Sonnden | 09:00 - 12:00 | Loisir, nei Memberen, Equippen |
| Keen Training | Ouschteren /Paques 05/04+06/04 - 1. Mee 01/05 - Europa 09/05 - Christi Himmelfahrt 14/05 - Paischten/pentecote 24 + 25/05 - National Feierdaach 23/06 - Mariä Himmelfahrt 15/08 - Allerhelljen 01/11 - Chreschtdag 25+26/12 - Neijoer 01/01 | |

















