SchéissStand
Bruch
50 Meter Stand
Op dem 50m Indoor Stand ka praktesch mat all Waff bis e maximum vu 7000 Joules geschoss ginn.
Op 10 Posten kann op 10m, 15m, 25m a 50m geschoss ginn andeems d’Scheiwen iwwert e Seelzuch elektresch op déi verschidden Distanze bruecht ginn an nom Tir erëm zeréck bei den Tireur gezu ginn.
Dëst erméiglecht den Tir vun Disziplinne wéi CalFac op 25 Meter (Kaliber .22 bis .45), Standard an Zenterfeier (Deckkaliber).
Op 50 Meter gëtt enner annerem mat Fräipistoul, M1 geschoss.
Eng Biathlonanlag op 50m wou aus 3 Positiounen am Klengkaliber drop geschoss gëtt, mécht d‘Schéisse méi attraktiv.
Donieft gët et d’Méiglechkeet op de Lafende Keiler op 50m ze trainéieren.
Ëffnungszäiten 50 m Stand (Wanter) 28.10.2024 - 30.03.2025
Dag: | Zäit | Training fir: |
Méinden | 17.00 - 20:00 | Loisir, nei Memberen, Equippen |
Dënschden | 17:00 - 20:00 | Loisir, nei Memberen, Equippen |
Mëttwoch | 15:00 - 20:00 | Loisir, nei Memberen, Equippen |
Donneschden | 09:30 - 11:30 | Loisir, Op RV |
Freiden | 17:00 - 20:00 | Loisir, Equippen + M1 |
Samschden | 09:00 - 12:00 | Loisir, Equippen Whatsapp Grupp +352 621 392 018 |
Sonnden | 09:00 - 12:00 | Loisir, nei Memberen, Equippen |
Keen Training | Ouschteren /Paques 31/03+01/04 - 1. Mee 01/05 - Europa 09/05 - Christi Himmelfahrt 09/05 - Paischten/pentecote 19 + 20/05 - National Feierdaach 23/06 - Mariä Himmelfahrt 15/08 - Allerhelljen 01/11 - Chreschtdag 25+26/12 - Neijoer 01/01 |
10 Meter Stand
Um Loftstand ginn et 12 elektronesch Scheiwen an 2 Bunne mat Kartongs – Scheiwe op deenen ënner anerem d’ Instruktioun un der Waff an den Tir de Sécurité fir all eis nei Memberen duerchgezu gëtt.
Desweideren ass do och eng Biathlonanlag installéiert, wou mat de Loftdrockwaffen (Gewier a Pistoul) kann drop geschoss ginn.
Fir d’Loftsaison déi vun Enn Oktober bis Enn Februar dauert, huet den STB 3 Equippen am Asaz. Hei gëtt op d’elektronesch Scheiwe geschoss wou de Match vun engem Haaptcomputer aus gesteiert gëtt.
Als gréisser Manifestatioun gëtt op dësem Stand all Joer de Marathon, wou 100 Schoss an 2 Stonnen musse geschoss ginn, organiséiert bei dem all Tireur aus engem Veräin kann drun deelhuelen.
Ëffnungszäiten 10 m Stand (Wanter) 28.10.2024 - 30.03.2025
Dag: | Zäit | Training fir: |
Méinden | 16.00 - 20:00 | Loisir, nei Memberen, Equippen |
Dënschden | 17:00 - 20:00 | Loisir, nei Memberen, Equippen (nëmmen op rdv) |
Mettwoch | 17:00 - 20:00 sauf match voir liste | Loisir, nei Memberen, Equippen |
Keen Training | Ouschteren /Paques 31/03+01/04 - 1. Mee 01/05 - Europa 09/05 - Christi Himmelfahrt 09/05 - Paischten/pentecote 19 + 20/05 - National Feierdaach 23/06 - Mariä Himmelfahrt 15/08 - Allerhelljen 01/11 - Chreschtdag 25+26/12 - Neijoer 01/01 | |
List des matchs stand air, fermeture 18:30 |
||
Mettwoch 13.11.24 | 19:30 Div 2 | STB 3 - STH 3 |
Mettwoch 20.11.24 | 19:30 Div 1 | STB 1 - STH 2 |
Mettwoch 27.11.24 | 19:30 Div 1 | STB 1 - STB 2 |
Mettwoch 18.12.24 | 19:30 Div 2 | STB 3 - STASS 1 |
Mettwoch 08.01.25 | 19:30 Div 1 | STB 2 - STH 1 |
Mettwoch 15.01.25 | 19:30 Div 1 | STB 1 - STH 1 |
Mettwoch 22.01.25 | 19:30 Div 1 | STB 2 - STH 2 |
Mettwoch 29.01.25 | 19:30 Div 1 | STB 2 - STB 1 |
Mettwoch 05.02.25 | 19:30 Div 1 | STB 2 - SSCK 1 |
Mettwoch 12.02.25 | 19:30 Div 1 | STB 1 - SSCK 1 |
Mettwoch 19.02.25 | 19:30 Div 2 | STB 3 - STA 1 |
Mettwoch 26.02.25 | 19:30 Div 2 | STB 3 - SAS |